Service accueil

Jiddereen deen ënnert d’Responsabilitéit vum ONIS fält gëtt wéi den Artikel 5(2) vum Règlement grand-ducal du 1er octobre 2018 fixant les modalités d’application de la loi modifiée du 28 juillet 2018 relative au revenu d’inclusion sociale virgesäit op eng Informatiounsversammlung agelueden.

D'Aluedung gëtt per Recommandé verschéckt an d‘Participatioun un der Versammlung ass obligatoresch.

Absence un der Informatiounsversammlung

Wann eng Persoun net un der Informatiounsversammlung deelhëlt, ouni am Virfeld Piècen erageschéckt ze hunn, gëtt d’Persoun an engem zweeten Schreiwes per ageschriwwenem Bréif heizou opgefuerdert. D’Persoun huet 5 Schaffdeeg Zäit fir Piècen ze liwweren déi hir Absence entschëllegen kéint.

Wann bannent den 5 Deeg keng Piècen geliwwert goufen oder d’Piècen net als Excuse akzeptéiert kënne gi, gëtt dovunner ausgaangen, dass d’Persoun d’Zesummenaarbecht mam ONIS refuséiert. Dëst féiert zum Verloscht vum REVIS fir de Mount wou d’Verweigerung constatéiert gouf esou wéi déi 3 folgend Méint.

Participatioun un der Versammlung an d’Suite

Fir eng gerecht an identesch Behandlung ze garantéieren, sinn d‘Erklärungen déi während der Versammlung vermëttelt ginn allgemeng Informatiounen déi fir all d’selwescht sinn.

Bei der Presentatioun vun de REVIS-Bestëmmunge gi virun allem d'Rechter an d'Flichte vun de Participante souwéi de Gesetzesartikel iwwert Aktivéierungsmesuren ervirgehuewen. D‘Méiglechkeet déi sech den Participante bitt Froen ze stellen an zousätzlech Informatiounen unzefroen erlaabt et op spezifesch Aspekter anzegoen an déi matgedeelt Besoinen ze erfaassen.

All Participant kritt een Agent régional d’inclusion sociale (ARIS) zougewisen an en éischte Rendez-vous gëtt festgeluecht.

En "Informatiounsblat" op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Portugisesch, Arabesch, Farsi an Tigrigna faasst déi wichtegst Elementer vun der Informatiounsversammlung zesummen a gëtt de Participanten am Virfeld zur Verfügung gestallt. Déi Informatiounsblieder sinn hei ënnen op der Säit verlinkt.

Fir all weider Informatioun, kënnt Dir den Här Krier Frédéric vum Service accueil kontaktéieren (+352) 247-83639, Email: accueil@onis.etat.lu.

Aktualiséiert