Agents régionaux d'inclusion sociale

Den ONIS koordinéiert d'Aktioune vun den Agents régionaux d'inclusion sociale (ARIS) fir eng gläichberechtegt Behandlung vun alle Persoune virum Gesetz ze assuréieren.

En huet och als Missioun, sécher ze stellen, datt d'Aktivéierungsmesuren ugemooss sinn.

En beréit a leet d'Agents régionaux d'inclusion sociale mat Hëllef vun Direktiven, duerch Reuniounen an individuell Gespréicher.

En informéiert d'ARIS-Uspriechpartner iwwert existent oder nei Ariichtungen déi fir d'ARIS-Aarbecht interessant kéinte sinn an iwwer Étuden iwwer seng Clienten.

E kontrolléiert déi richteg Uwennung vun de festgeluechten Direktiven a gräift an, am Fall wou d'Relatioun tëscht engem Client an engem regionalen Agent riskéiert problematesch ze ginn.

D'Missioune vum ARIS

D'Missioune vun de regionale Servicer sinn:

d'Dossiere vun de Persounen iwwerhuelen déi si vum ONIS kréien;

  • mat de Persounen de personaliséierten Aktivéierungsplang (plan d'activation) deen am Artikel 16 vum REVIS-Gesetz virgesinn ass, ausschaffen an aktualiséieren;
  • d'Aktivéierungsmesuren aus dem Gesetzesartikel 17, déi am Aktivéierungsplang virgesi sinn, organiséieren an déi néideg administrativ Dokumenter preparéieren;
  • duerch reegelméissege Kontakt mat de Persounen, déi an enger Aktivéierungsmesure sinn, an de Verantwortleche vun de Beschäftegungsplazen e gudden Oflaf vun deenen Aktivitéiten assuréieren a wa méiglech en Ofbroch  vun esou enger Aktivitéit verhënneren;
  • d'Persounen déi eng Aktivéierungszoulag froen oder hunn un de Multisektoriellen aarbechtsmedezineschen Déngscht weiderleeden;
  • d'Krankeschäiner vu Persounen déi eng Aktivéierungszoulag kréie géréieren a, wann néideg, Persoune fir eng medezinesch Kontroll bei een vum ONIS approuvéierten Expert aberuffen;
  • d'Informatiounen iwwer d'Persounen déi eng Aktivéierungszoulag kréien an de monatlechen Dekonten iwwerpréiwen;
  • d'Dossiere vu Persounen, déi vun den Aktivéierungsmesure fräigestallt si, géréieren.

D'Missioune vum ARIS ginn an den Offices sociaux assuréiert. D'Lëscht vun den Offices Sociaux ass ënnert "Démarches associées" ze fannen.

De Relevé vun den ARIS Mataarbechter esou wéi och déi geographesch Opdeelung vun de verschidden ARIS Mataarbechter ginn ënnert "Informations complémentaires" affichéiert.

Aktualiséiert