Den ONIS

Den Nationale Service fir sozial Inclusioun (ONIS) ass eng Verwaltung ënner Tutelle vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun, a gouf 2018 am Kader vum geännerte Gesetz iwwert de Revenu d'inclusion sociale (REVIS) an d'Liewe geruff.

Ausféierlech Informatiounen iwwert d'Ufro vum REVIS fënnt een op guichet.lu.

Missiounen

D'Missioun vum ONIS ass, d'Verpflichtungen déi sech fir hien aus dem REVIS-Gesetz erginn, ze erfëllen.

Den ONIS huet folgend Missiounen:

  • dofir suergen datt d'Bestëmmunge vum Kapitel 3 vum REVIS-Gesetz ausgeféiert ginn. Dës Aufgab fir d'Leit ausserhalb vum Aarbechtsmaart ze stabiliséieren an z'aktivéieren gëtt duerch Stabiliséirungs- an / oder Aktivéierungsmesuren erreecht déi déi individuell Besoine vun de Bewerberinnen an hir Entwécklung berécksiichtegen;
  • d'Koordinatioun vun den Aktioune vu concernéierten Instanzen an Organisatiounen (Beschäftegungsträger);
  • d'Zesummestelle vun den néidege statisteschen Donnéeën iwwer d'REVIS Bezéier.

Den ONIS zentraliséiert den Accueil vun de Persounen déi d'Deklaratioun fir Zesummenaarbecht déi den Artikel 13(1) vum REVIS-Gesetz virgesäit ënnerschreiwe mussen.

Aktualiséiert