Beschäftegungsträger fir Aarbechten am ëffentlechen Interessi

Fir d’Ëmsetzung vun den Aktivéierungsmoossnamen vum Typ "Aarbechten am ëffentlechen Interessi" (travaux d’utilité collective, TUC), collaboréieren ënnerschiddlech Beschäftegungsträger mam ONIS. Dozou zielen:

  • d'Staatsadministratiounen a Servicer;
  • d'Gemengen;
  • d’ëffentlech Institutiounen;
  • d’Institutiounen vum ëffentlechen Déngscht;
  • all aner Organismen, Institutioun oder Grupp vu Leit, déi e karitatiivt Zil verfollegen
  • privatrechtlech Organismen, deenen hir Käschten gréisstendeels vum Staatsbudget gedroe ginn.

Eng Équipe am ONIS huet ënnert anerem folgend Missiounen:

  • d’Informéieren a Guidéieren vun neie Beschäftegungsträger déi mam ONIS wëllen zesumme schaffen fir Aktivéierungsmoossnamen ze organiséieren;
  • d‘Ophuelen vu Kontakt mat potentielle Beschäftegungsträger;
  • d‘Gestioun vum Inventaire vun den aktuelle Beschäftegungsträger an de fräie Posten;
  • d‘Begleedung vu Beschäftegungsträger;
  • den Austausch vu “bonnes pratiques” tëscht de Beschäftegungsträger bezüglech der Betreiung vun affektéierten Persounen.

De Formulaire fir d‘Ausschreiwung vu fräien Posten fir Aarbechten am ëffentlechen Interessi fannt Dir um Enn vun deser Säit.

Fir weider Informatiounen kënnt dir eisen Kontaktformulaire ausfëllen oder d‘Équipe direkt kontaktéieren:

Mme Laurence Thillmann (Tel.: 247 83635), E-Mail: organismes@onis.etat.lu)

Aktualiséiert