Den Service des prestations financières bekëmmert sech em:
- d‘Gestioun vun der Aktivatiounszoulag (AZ)
- All REVIS Bezéier, deen enger Beschäftegung am ëffentlech Interessi zougewisen ass, huet Recht op d`AZ, déi berechent gëtt op der Basis vum sozialen onqualifizéierten Mindestloun fir en Employé, a gëtt vum FNS un de Bezéier bezuelt, an der Uwendung vum Artikel 18 vum REVIS Gesetz. Déi monatlech Ofrechnungen, esou wéi d'Akommeszertifikater, ginn an Zesummenaarbecht mam CTIE ausgeschafft a verschéckt;
- de Remboursement vun de Käschte betreffend d‘Aarbechtskleedung a Secherheetsmaterial
- All REVIS Bezéier, deen enger Beschäftegung am ëffentlechen Interessi zougewisen ass, kann vum Remboursement vun dësen ufalende Käschten profitéieren;
- d'Gestioun vun der Bedeelegung un de Personalkäschten, déi am RMG Gesetz virgesi sinn.
- Den Artikel 13, Paragraf 3 vum RMG Gesetz hat eng Participatioun vum FNS fir d'Personalkäschte fir maximal 36 Méint fir e Patron virgesinn, deen e Bezéier no enger Integratiounsmesure agestallt huet. Laut dem Artikel 51 vum REVIS Gesetz bleiwen d’Rechter vun Patronen déi virum Akraafttriede vum REVIS Gesetz vun dëser Mesure profitéiert hunn bestoen. De relevante Formulaire ass um Enn vun der Säit.
Niewent den uewen opgelëschten Aufgaben, ass den Service des prestations financières och als Sozialsekretariat täteg an steet den Bezéier esou wéi och den ARIS bei Froen zu dem Beräich zur Verfügung.
Fir weider Informatiounen, kennt dir de Service kontaktéieren (Madamm Mandy Woltz, Tel: 247 83640, Email: compta@onis.etat.lu).